Wann Albdreem wouer ginn
Ëmmer rëm ginn d’Leit an der Gazasträif verdriwwen. Réischt viru Kuerzem gouf eng Militäroffensiv an der Stad Rafah gestart, wou méi wéi 1,2 Millioune Palästinenser, d’Hallschent dovu Kanner, verzweifelt Schutz gesicht hunn. Elo musse si op en Neits flüchten. Mee wou sollen si hin? Si sinn néierens sécher, vun de villen traumateschen Erliefnisser gepräägt, geschwächt an auserhéngert. Si brauchen eis Hëllef elo sou dréngend wéi nach ni.
Zuelen, déi schockéieren
Säit dem 7. Oktober ginn ëmmer nach 125 israeelesch Geiselen (37 dovu gi fir dout gehal) gefaange gehal. Säitdeem koumen an der Gazasträif op d’mannst 35.233 Palästinenser duerch d’Gewalt an hir Follgen ëm d’Liewen, dorënner 14.100 Kanner. Och ënnert den iwwer 79.141 Verletzten ass d’Zuel vun de Kanner mat mindestens 12.320 erschreckend héich (Stand 15. Mee 2024).
Am Westjordanland, inklusiv Ost-Jerusalem, sinn am selwechten Zäitraum mindestens 480 Persounen, dorënner 128 Kanner, ëm d’Liewe komm. Och hei goufen Dausende Palästinenser aus hirer Heemecht verdriwwen an zur Flucht gezwongen (Stand: 15. Mee 2024).
Insgesamt sinn am Staat Palästina ronn 3,3 Millioune Leit dréngend op humanitär Hëllef ugewisen.
Kuerz virun enger Hongersnout
D’Ënnerernärung vun de Kanner, déi aus dem Mangel u Liewensmëttel resultéiert, gëtt zu engem ëmmer méi grousse Problem an der Gazasträif. A Gaza hunn insgesamt 95 % vun der Bevëlkerung mat enger akuter Ernärungsonsécherheet ze kämpfen. 9 vun 10 Kanner ënner 2 Joer kréie weder eng adäquat Quantitéit nach Qualitéit un Iessen, déi si bräichten, fir ze iwwerliewen an opzewuessen.
Potenziell déidlech Krankheete verbreede sech
D’Infrastruktur fir d’Waasserversuergung an d’Opbereedung vum Ofwaasser gouf beschiedegt. De Leit feelt et u propperem Waasser. Duerch de Mangel un Drénkwaasser kënnt et zu Ausbréch vu potenziell déidleche Krankheeten. Sou klëmmt zum Beispill d’Zuel vun de Fäll vu schlëmmen Duerchfallerkrankunge bei Kanner rasant.
Gesondheetskris: liewenswichteg Spideeler ausser Betrib
Vill Spideeler a Gesondheetsariichtunge goufe bei Ugrëff beschiedegt oder zerstéiert. Wéi d’WHO matdeelt, koum et an der Gazasträif tëscht dem 7. Oktober an dem 15. Mee zu 445 Attacken op Gesondheetsariichtungen a medezinesch Servicer. Am Westjordanland an an Ost-Jerusalem koum et zu 447 därer Ugrëff.
De Gesondheetssystem brécht zesummen an déi Spideeler, déi nach a Betrib sinn, sinn staark iwwerlaascht. An dat an Zäiten, an deenen onzieleg Leit mat Ënnerernärung, Verletzungen oder Krankheeten dréngend misste behandelt ginn.
Wéi hëlleft d’UNICEF?
Ernärung
Fir der Hausse un Ënnerernärung entgéintzewierken, stelle mir liewensrettend Liewensmëttel wéi zum Beispill therapeutesch Mëllech, Kichelcher oder eng Past aus Kakuetten, Mirkonärstoffpolver an Zocker-Salz-Präparater fir d’Behandlung vun Duerchfallerkrankungen zur Verfügung. Donieft ëmfaasst eis Aarbecht Moossname fir eng fréizäiteg Diagnos an eng effikass Behandlung vun Ënnerernärung.
Gesondheet
Mir ekipéieren d’Spideeler mat Impfstoff, Sprit a medezineschem Material a suerge mat dofir, dass déi medezinesch Grondversuergung erëm gestäerkt gëtt, zum Beispill duerch d’Bereetstelle vu speziellen Zelter.
Waasser, Sanitär an Hygiène
Mir installéiere mobil Entsalzungsanlagen a liwwere Sprit a Chlor fir d’Opbereedung vu Waasser an Ofwaasser, fir Krankheetsausbréch entgéintzewierken. Bannent zwou Woche konnte mir beispillsweis 183.000 Liter Sprit bereetstellen an esou d’Versuergung vu méi wéi 1,6 Millioune Leit, dorënner 0,8 Millioune Kanner, mat liewensnoutwennegem Waasser erméiglechen. Ausserdeem verdeele mir wichteg Hygiènesproduiten.
Schutz
Mir stelle Gezei zur Verfügung a bidde Kanner a Famillen eng psychosozial Ënnerstëtzung, déi hinne bei der Veraarbechtung vun deem, wat si erlieft hunn, hëlleft. No onzielegen traumateschen Erliefnisser ass dës Hëllef besonnesch wichteg.
„D’Waffe musse rouen an d’Rechter vun de Kanner respektéiert ginn. D’Kanner an der Gazasträif, déi onvirstellbar Saachen hu missen erliewen, verdéngen en direkte Waffestëllstand an eng Chance op eng friddlech Zukunft.”
Adele Khodr, UNICEF-Regionaldirektesch fir den Noen Osten an Nordafrika