Maacht mat an ënnerstëtzt eis Impfprogrammer fir d’Kanner
Wéi?
- Schreift Iech an, a luet eisen Instructiouns-Dossier erof
- Maacht är eege Popp unhand vum Muster oder bestellt eng gefëllte Popp fir 3€ d’Stéck
- Gestallt är Popp no ärer Fantasie
- Organiséiert ee Verkafsstand. Den Erléis geet un eis Impfprogrammer.
Wien?
Dës Aktioun riicht sech u Jonk an Al (z.B. Schoulen, Foyers, Maisons Relais, Clubs Senior, etc…)
Wéini?
Vun elo un, bis den 31. Dezember
Wat brauch een alles?
- Fir d’Kleeder: Stoffrechter
- Fir d’Hoer: Woll, Ficelle, Raffia
- Fir d’Gesiicht: Knäpp, Stëfter
- Fir ze bitzen: eng Nol, Zwir oder Woll
Wou kommen déi gefëllte Poppen hier?
D’Découpe sinn aus Biokotteng a goufe vu Partner vun der ONG « Aide à l’Enfance de l’Inde » an Indien hirgestallt. Gefëllt goufe se duerno vun der APEMH zu Betten op der Mess.
Wou ginn d’Suen hin?
Déi Suen, déi gesammelt ginn, ginn un eis Impfprogrammer.
Fir wéivill Euro solle mir déi fäerdeg Poppen verkafen?
De Verkafspräis ass iech fräi iwwerlooss. Folgend Finanzéierungsbeispiller kënne beispillsweis benotzt ginn:
- 5€ = 50 Dosen Impfstoff géint den Tetanus.
- 20€ = 1 kompletten Impfzyklus géint déi 6 heefegsten Kannerkrankheeten
Wou solle mir d’Suen iwwerweisen?
Dir kënnt déi gesammelt Suen op folgende Kont iwwerweisen:
CCPL IBAN LU71 1111 2144 2050 0000
mat der Mentioun “Knuddelpoppen + Numm vun der Schoul/Maison relais/Foyer/…“