D’UNICEF Lëtzebuerg sicht erëm Jonker, déi sech fir d’Kannerrechter op der ganzer Welt asetzen. Am Grupp kënnen si sech eege Projeten iwwerleeën an och ëmsetzen. D’Umeldung geet bis den 9. Juli.
Nei UNICEF Youth Ambassadors
Scho säit 2 Joer schafft d’UNICEF Lëtzebuerg mat Jonken zesummen, déi sech fir Kannerrechter engagéieren. Dëst gefält souwuel de Jonken, wéi och der Equipe vun UNICEF esou gutt, datt och fir 2021/22 erëm nei Gesiichter gesicht gi fir den aktuelle Grupp ze verstären.
Déi Jonk kréien d’Méiglechkeet fir hir eegen Iddien anzebréngen, ze diskutéieren an op verschidden Aart a Weisen ëmsetzen, beispillsweis a Form vu Workshops, Campagnen, engem Podcast, Social Media-Content, a villes méi!
Aktivitéiten aus de leschten 2 Joer
Déi Jonk hunn elo viru Kuerzem en eegene Podcast mam Numm „Your right to know“ gestart an en Totebag designed, deen et bei UNICEF ze kafe gëtt. Si sinn op de Social Media Plattforme vun UNICEF aktiv a schaffen all Joers, zemools fir de Weltkannerdag, den 20. November, mat verschiddene Mediepartner zesummen.
Ausserdeem waren zwee vun hinne mat an de Malawi fir sech de „Living Schools“ Projet unzekucken. Si konnten sech en eegent Bild dovu maachen, wéi aner Kanner a Jonker liewen a wéi hire Schoulalldag ausgesäit. D’Youth Ambassadors hunn och schonn de Premierminister Xavier Bettel an den Educatiounsminister Claude Meisch getraff fir hinnen 30 Recommandatiounen ze iwwerreechen, déi d’Liewe vun de Kanner zu Lëtzebuerg nach verbessere géifen.
Fir UNICEF ass et wichteg, datt déi Jonk scho fréi léieren sech fir Kanner an aner Jonker anzesetzen. Aschreiwungen op: www.unicef.lu/youthambassadors/signup/