D’Kanner gi gefrot
Déi drëtt Editioun vum Kreativconcours (2023/24), organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg an dem Service des Droits de l’enfant vum MENJE, huet sech u ganz Klassen, Gruppe vun 2 – 5 Jonken oder eenzel Participanten geriicht:
- aus dem Fondamental: Cyclen 3 a 4 *
- aus de Maisons relaisen: nëmme Kanner, déi an de Cyclen 3 a 4 sinn
- vun Dageselteren: nëmme Kanner, déi an de Cyclen 3 a 4 sinn
* esou wéi aus equivalente Klassen aus de Centres de compétences, den ëffentlechen a privaten nationalen an internationale Schoulen zu Lëtzebuerg, den Europaschoulen.
De Concours bitt hinnen eng Plattform, wou si hir Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge fir e méi respektvollen Ëmgang mat der Natur an Ëmwelt kreativ ausdrécke kënnen.
Och eng 4. Editioun vum Concours ass geplangt. D’Umeldung dofir wäert vun Ufank Oktober bis zum Weltkannerdag, de 20. November 2024, lafen.
Iddiëkatalog 2023/24
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Klimawandel an Zukunft vun eiser Äerd.
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner, fir e méi respektvollen Ëmgang mat der Natur an Ëmwelt.
Iddiëkatalog 2022
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Deng Schoul vu muer.
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner a Jugendlechen, wéi si sech d’Schoul an der Zukunft virstellen.
Iddiëkatalog 2021
Deng Zukunft – Deng Stëmm
Wéi soll deng Welt no der Corona-Kris ausgesinn?
Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge vu Kanner a Jugendlecher fir hiert Liewen no der Corona-Kris.